Envoi gratuit au Luxembourg
Liste de favoris
La liste de favoris est vide.

D'Pippi gëtt Inselprinzessin

Classement des ventes 115dansENFANTS, 2-6 ans: Album
LivreRelié
Luxembourgeois
Ganzer fënnef Sekonnen ass et ganz roueg an der Kiche vun der Villa Kuddelmuddel. Dono doen der zwee ganz haartKreesch. Et sinn den Tommy an d Annika, déi vu Freed jäizen. Den Här Nilsson, deen um Dësch sëtzt a probéiert sech Botter op den Hutt ze schmieren, kuckt ganz paff op. Nach méi paff ass en, wéi e gesäit, dass d Pippi, den Tommy an d Annika Hand an Hand ronderëmdanzen. Si danzen a jäize sou benzeg,...plus

Produit

RésuméGanzer fënnef Sekonnen ass et ganz roueg an der Kiche vun der Villa Kuddelmuddel. Dono doen der zwee ganz haartKreesch. Et sinn den Tommy an d Annika, déi vu Freed jäizen. Den Här Nilsson, deen um Dësch sëtzt a probéiert sech Botter op den Hutt ze schmieren, kuckt ganz paff op. Nach méi paff ass en, wéi e gesäit, dass d Pippi, den Tommy an d Annika Hand an Hand ronderëmdanzen. Si danzen a jäize sou benzeg, dass d Plafongsluucht op de Buedem fält. Am drëtte Band vum weltberühmte Kannerbuch vum Astrid Lindgren geet fir den Tommy an d Annika en Dram an Erfëllung: Si däerfe mam Pippi op d Kurrekurreduttinsel seegelen, wou hatt Prinzessin soll ginn. Mee an der Südséi lauere Geforen, déi hinnen an dësem Moment nach net bewosst sinn â¦
Détails
ISBN/GTIN978-99959-2-042-5
Type de produitLivre
Type de reliureRelié
Année de parution2019
Date de parution23.05.2019
LangueLuxembourgeois
N° article13803459
Rubriques

Auteur

D'Astrid Lindgren (1907-2002) ass déi bekanntst Kannerbuchautorin vun der Welt. Hir dräi Bicher mam "Pippi Långstrump? huet si tëscht 1945 an 1948 geschriwwen. D'Astrid Lindgren gouf ë.a. mam Friddenspräis vum däitsche Buchhandel a mam Alternativen Nobelpräis ausgezeechent.
D'Melissa Westerlund-Monnet, 1988 an der Stad gebuer an zu Téiteng opgewuess, huet no hirem Bachelorstudium zu Edinburgh (Englesch Literatur a Skandinavesch Studien) eng Formatioun als Enseignante a Schweden gemaach. Si schafft selbstänneg als Dolmetscher an Iwwersetzer.

Ce site utilise des cookies

Les Cookies nous aident à améliorer l'expérience de l'utilisateur.
J'accepte les Cookies