Free shipping in Luxembourg
Notepad
The notepad is empty.

De Fäert-Uasch - Ze léif fir dës Welt?

Ranking418in
Book
Luxembourgish
Wat dMaude méi grouss a verstänneg gëtt, wat seng Famill him méi
Kappzerbrieches bereet. Hunn déi all de Klimpi vreckt oder sinn ech net
normal?!, freet hatt sech. An der Schoul sinn och vill Toperten ënnerwee an
dMaude zitt sech ëmmer méi zeréck a seng eege Welt.
Mee hatt ass net eleng. Zanter senger Gebuert ass e klengt Monster extra fir
hatt do. Ëmmer, wann dMaude veronséchert gëtt, wiisst säi Monster,
...more

Product

Cover TextWat d’Maude méi grouss a verstänneg gëtt, wat seng Famill him méi
Kappzerbrieches bereet. „Hunn déi all de Klimpi vreckt oder sinn ech net
normal?!“, freet hatt sech. An der Schoul sinn och vill Toperten ënnerwee an
d’Maude zitt sech ëmmer méi zeréck a seng eege Welt.
Mee hatt ass net eleng. Zanter senger Gebuert ass e klengt Monster extra fir
hatt do. Ëmmer, wann d’Maude veronséchert gëtt, wiisst säi Monster, bis et
op eemol esou grouss gëtt, dass déi zwee sech richteg kenneléieren.
Vun do u weess d’Maude, dass et net eleng duerch d’Liewe geet, mee wie wëll
scho permanent e „Fäert-Uasch“ bei sech hunn?
Details
ISBN/GTIN978-99959-36-58-7
Product TypeBook
Publishing year2018
Publishing date07/05/2018
LanguageLuxembourgish
Article no.10390280

Author

D’Cathy Clement, 1979 zu Esch-Uelzecht gebuer, lieft am Norde vu Lët-
zebuerg. Si ass Mamm vun zwee Jongen an hire Beruff ass Infirmière.
D’Cathy huet sech schonn ëmmer gär an intensiv mat Bicher beschäftegt
an huet mat 15 Joer ugefaangen, selwer Bicher an Texter ze schreiwen.
„De Fäert-Uasch“ ass hiert éischt Buch fir Kanner. Si war 2017 um HAY-Fes-
tival zu Aarhus an Dänemark an dësen internationale Festival fir Kanner- a
Jugendliteratur huet si immens motivéiert.
D’Cathy mécht gäre Liesungen a Workshoppen a Schoulen. Weider Infor-
matiounen a villes méi aus dem Liewe vun der jonker Schrëftstellerin fannt
Dir op: www.cathy-clement.lu
De Benjamin Frank, 2004 zu Ettelbréck gebuer, ass der Cathy Clement hire
jéngste Bouf. Hie besicht den LCD an huet ganz vill Interessen. Nieft der
Musek, Solfège a Baryton, zeechent hie gär. Hie liest am léifsten spannend
Thrilleren oder witzeg Geschichten. Schach a Sport gehéieren och zu senge
Fräizäitbeschäftegungen.
Seng Mamm hat him e bëssen aus dësem Buch virgelies an do huet hien
„de Fäert-Uasch“ spontan esou gezeechent, wéi hien en sech virstellt.
Dëst Bild war esou flott, dass déi zwee entscheet hunn, d’Illustratioune sel-
wer ze maachen.
Méi vum Benjamin Frank op sengem YouTube Channel „Benjel Frenjel“.

This site uses cookies

Cookies enable a better browsing experience. Find out more on our privacy agreement.
I accept cookies