Gratis Liwwerung a ganz Lëtzebuerg
Lëscht
Ären Notizblock ass eidel.

WOOOW LËTZEBUERG (Lu) D'Charlotte an de Monsieur Hibou op

Entdeckungsrees
5
BuchGebonnen
WOOOW!!! LËTZEBUERG - D'Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees ass do: en neit Kannerbuch iwwer Lëtzebuerg a véier Sproochversiounen, mat herrlechen Zeechnunge vun Keong-A Song.
Fir déi kleng Lieser huet den Thomas Schoos sech eng flott an opreegend Geschicht ausgeduecht. Un der Säit vum Charlotte a sengem beschte Frënd, der klenger Eil Monsieur Hibou, erliewe si
...méi

Produkt

BlummWOOOW!!! LËTZEBUERG - D’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees ass do: en neit Kannerbuch iwwer Lëtzebuerg a véier Sproochversiounen, mat herrlechen Zeechnunge vun Keong-A Song.

Fir déi kleng Lieser huet den Thomas Schoos sech eng flott an opreegend Geschicht ausgeduecht. Un der Säit vum Charlotte a sengem beschte Frënd, der klenger Eil Monsieur Hibou, erliewe si spannend Aventuren an entdecken op hirer Expeditioun dat wonnerschéint a villsäitegt Lëtzebuerg. Si tauchen an an d’Kultur an d’Geschicht vum Land, erfuersche seng faszinant Plazen a léieren seng Märercher a Bräich kennen.

 
Och déi besonnesch Virwëtzeg kommen op hir Käschten. Op all Etapp vun der Rees erwaarde si wëssenswäert Anekdoten a Fakten.
 

Mat vill Léift fir den Detail huet déi Illustratorin dem Buch seng perséinlech Nott ginn an zu der maträissender Atmosphäre bäigedroen, sou dass een als Lieser ëmmer nees op eppes Neies stéisst. Op dës Manéier bleift d’Freed un der Lektür nach laang erhalen.
Details
ISBN/GTIN978-99959-42-34-2
Type vum ProduitBuch
AbandGebonnen
Joer vun der Parutioun2017
25.11.2017
Artikel Nr10260990

Bewertungen

Tipps vun engem Mataarbechter

IMG_2832
Rating vum 03.08.2019
5
E Buch wat geduecht ass fir déi Kleng, mä och schéin ze kucken ass fir déi Grouss! Mam Charlotte kann een d?Land mat senge verschiddene Facetten an Traditiounen op eng spilleresch Aart a Weis kenneléieren. Mat flotten Texter vum Thomas Schoos a schéinen Illustratioune vum Keong-A-Song. D'Buch gëtt et iwwregens op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. 
...méi

Dëst Säit benotzt Cookies

Cookies hëllefen eis dobäi, d'Benotzererliewnis ze verbesseren. Weider Informatioune fand dir an eiser Dateschutzvereinbarung.
Ech akzeptéieren Cookies