An der Geschicht (oder besser gesot
an de Geschichten) struewelen op
den éischte Bléck grondverschidde
Personnagen duerch d’Liewen, op der
Sich no Sécherheet a Léift. Am Zentrum
steet de jonke Romain, deen seng
Elteren op eng onglécklech Manéier
verluer huet an elo e Sënn am Liewe
sicht.
De Muhammed aus Syrien huet och
vill verluer, a versicht en anert Liewen
an engem frieme Land opzebaue – ma
de Wee bis op Lëtzebuerg ass nach
wait! An da sinn do nach d’Fiona,
d’Gosia, d’Talia, den Chadi al-Hallak,
den Ali, den Néckel, de Bruno, de
Mowrinski an den F.K. An nach vill méi
Personnagen, déi sech duerch d’Liewe
kämpfen oder anerer schäissen dinn…
Léiert si kenne Lieser a Lieserinnen, et
lount sech, a – spoiler alert! – et gëtt
en happy end!