Scho mat véier Joer wousst de Killian, datt hie Kach wéilt ginn.
D’Clémentine huet scho mat zwee Joer ugefaangen, op d’Mauere vun senger
Kummer ze molen.
Wärend de Killian seng Erfarungen a weltbekannte Kiche gesammelt a bei
Kachconcoursë matgemaach huet, huet d’Clémentine an seng Schoulhefter
gekritzelt. Schlussendlech ass hatt op Amsterdam geplënnert,
an do lieft et elo vun senger Molkonscht.
Wéi de Killian (hien huet ëmmer Tonnen Iddien am Kapp) him virgeschloen huet,
zesummen e Kachbuch fir Kanner ze maachen, huet d’Clémentine
(hatt ass terribel schneekeg) begeeschtert zougesot.
Zesumme mat UNICEF Lëtzebuerg géint
d’Ënnerernierung.
Weider Infoen op www.unicef.lu/ptitchef