Gratisversand in Luxemburg ab 25€
Merkliste
Die Merkliste ist leer.
Der Warenkorb ist leer.
Gratisversand in Luxemburg ab 25 €
Gratisversand in Luxemburg ab 25€
Bitte warten - die Druckansicht der Seite wird vorbereitet.
Der Druckdialog öffnet sich, sobald die Seite vollständig geladen wurde.
Sollte die Druckvorschau unvollständig sein, bitte schliessen und "Erneut drucken" wählen.
Gabi

Gabi

Buchhandlungsleiterin
Buchhändlerin
Literatur
Telefon22 50 77 950

Meine Bewertungen

Een Muss fir all Fussball Fan!
Eng spannend Lektür fir jiddereen deen sech fir de Lëtzebuergesche Fussball interesséiert: mat interessante Storyen, Portraiten iwwer Veräiner, Anekdoten aus der Vergaangenheet an Hannergrondberichter. Donieft Statistiken an Tabellen a vill flott Fotoen an Illustratiounen.
Am 6. Band vun der ZLS-Serie iwwer lëtzebuergesche Wierder an Ausdréck geet et em d´Wierder, déi mat Ge- üfänken.
"Gelëmps", "Gemauschels", "Gedierängels" sinn nëmme puer Beispiller vun den Ausdréck déi op véier Sproochen erklärt ginn.
Fir selwer ze stöberen oder fir ze verschenken!
E flotten an informative Wanderführer mat villen Illustratiounen. Perfekt fir flott Plazen am Land (nei) ze entdecken!
D'Gediechtness trainéieren an zur selwechter Zäit nei Sportarten entdecken! D'Memo Spill "Depart, lass", dat vun der Vëlosfuererin Christine Majerus gezeechent a publizéiert gouf, mécht Grouss a Kleng vill Freed!
De "Grüffelo" ass deene meeschte Kanner e Begrëff! Entdeck mam Här Äschtchen dat neisten Abenteuer vum Duo Donaldson/ Scheffler op Lëtzebuergesch vum Martine Schoellen iwwersat.
Wësst Dir wat eng Fléikëscht ass? Oder eng Bokemaul oder eng Fapp? Beim Muckefuck gidd dir et gewuer! 

Et ass genau dat richtegt Spill fir e gesellegen a witzegen Owend ënner Kolleegen oder an der Famill! 

Dëst Spill ass eng flott Manéier fir sech un al Lëtzebuerger Wierder déi vläicht net méi sou am Gebrauch sinn ze erënneren oder kennenzeléieren. De Spaass steet awer am Vierdergrond, an gelaacht gëtt sécher! 
Déi wichtegst Momenter 2020 mat Bëss an Humor geschriwwen a gezeechent vum Carlo Schneider. All Joer erëm e flotte Kaddo fir ze verschenken oder selwer ze halen. 
Immens schéine Bildband iwwert d'Lëtzebuerger Ardennen, mat spektakuläre Fotoen vun der Fotografin Anna Molzahn.
E flotte Guide, net nëmme fir Leit déi zu Esch wunnen. Chronologesch opgebaut, weist dëst Buch déi historesch Gebeier zu Esch.
E Klassiker vun der Lëtzebuerger Literatur! Duerf a kenger Bibliothéik feelen!
Eng ganz detailléiert, recherchéiert a schéin illustréiert Biografie vun der Groussherzogin Marie-Adelheid. Nëmmen ze recommandéieren fir jiddereen deen un der Lëtzebuerger Geschicht interesséiert ass.
E flotten Iwwerbléck iwwert de Sport an d'Sportler (vu fréier an haut) zu Lëtzebuerg. E perfekte Kaddo fir all Sportbegeeschterten
Endlech! Nom grousse Succès vun de Spiller "Wou läit Piisseng" a "Wou läit Grandsen" (déi leider vergraff sinn), ass dat neit Spill wou e säi Wëssen iwwert Lëtzebuerg kann opfrëschen! Et ass zwar geduecht fir Kanner a Jugendlecher, mä et eegent sech och fir déi méi "grouss Kanner", virun allem well d'Froe vun den éischten zwee Spiller zimmlech komplizéiert waren. 
Kurios Geschichten iwwer kurios Plazen: Hannert der ?Hühnerstange? verstoppt sech e Restaurant, an de Jean-Claude ass net de Jean-Claude Junker, mä een Mataarbechter vum Ernster. Een ?ongewéinlecht Reesbuch? (wéi de Verlag et nennt) fir selwer ze liesen, ze entdecken an ze schmunzelen oder fir ze verschenken.
Och wann dëse Klassiker vun der Lëtzebuerger Kichen nëmmen op Franséisch ze kréien ass, ass et ee ?Must? fir all Lëtzebuerger privat Bibliothéik. Hei fënnt een all déi traditionell lëtzebuergesch Rezepter vun de Kniddele bis zu Bouneschlupp bis hin zu de Wäffelcher.
E Buch wat geduecht ass fir déi Kleng, mä och schéin ze kucken ass fir déi Grouss! Mam Charlotte kann een d?Land mat senge verschiddene Facetten an Traditiounen op eng spilleresch Aart a Weis kenneléieren. Mat flotten Texter vum Thomas Schoos a schéinen Illustratioune vum Keong-A-Song. D'Buch gëtt et iwwregens op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. 
E flotte Bildband mat ville verschidde Plazen vun der Stad Lëtzebuerg. E flotte Kaddo fir jidfereen deen sech fir d?Stad Lëtzebuerg interesséiert.
E Buch mat gudde Rezepter...awer net nëmmen! D?Auteurin Nathalie Meier-Hottua erklärt am éischten Deel vun hirem Buch d?Hannergrënn vun der ?Steinzeiternährung? a weist op Denkfeeler eiser Ernärung hin. Zum Schluss vun hirem Buch gëtt si dem Lieser nach vill praktesch Adresse fir gesond anzekafen
Einfache, schnelle und außergewöhnliche Rezepte die dank der "Bildanleitungen" immer gelingen!