Synopsis:
De Julien zitt aus der Stad op d’Land an eng al Schmëdd, déi hie selwer renovéiert. Lues a lues faasst hie Fouss am Duerf. Well d’Leit matkritt hunn, datt hie Schrëftsteller ass, ginn si him ongefrot den Optrag, dem Jos, engem aarmen Däiwel, seng Geschicht ze recherchéieren an doriwwer ze schreiwen. De Julien entdeckt dobäi sou munches, wat besser net un d’Liicht kënnt. Iwwerhaapt huet de Julien e Faibel fir d’Däischtert, deem en sech schwéier erwiere kann. Bis hien d’Lisa begéint an decidéiert, datt dat ophale misst…
Extrait aus Nuetsfuerer
Et geet biergop a ganz geschwë kënnt de Bësch.
Hien huet dës kleng Strooss gär, weess, dass hien hei eleng ass mat sech, sengen Hänn, senge Féiss, de Pedallen an der Gankschaltung. A mat sengen Aen, déi d’Däischtert mussen duerchfuerschen.
Vitess erof, zeréckschalten – hien dréit um Luuchtenhiewel.
D’Standluuchten taaschten de Wee nach of.
Nächsten Dréi um Hiewel, kee kënschtlecht Liicht méi!
Faszinant Däischtert, déi seng Sënner op ee Coup hellwaakreg mécht! Hien héiert de Motor vill méi intensiv, all klengste Knubbel an der Strooss spiert hien duerch säi ganze Kierper, seng Aen entdecken nei Detailer, gi grad erëm frësch an dës Welt gebuer.
D’Beem schütze säi Gefier mam Schiet vun hiren Äscht, de GTV fënnt de Wee wéi vum selwen.
Hien ass scho bal op der Kopp, wéi dat duusst Schaukele vu Scheinwerferen him duerch den Nuetshimmel entgéintschwieft.
Gast Groeber
De Gast Groeber (1960*) ass 2010 fir d’éischte Kéier publizéiert ginn. Seng éischt 6 Bicher hunn et allkéiers op d’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt, 2014 huet hien dee gewonnen an 2019 krut hien de Coup de cœur vum Jury. 2016 gouf hie mam European Union Prize for Literature ausgezeechent.