Du bass frou mam Mier? Hues Fësch a Kriibsen an Deckelsmouke gär? An dir gefalen och Séipäerdercher, Tëntefësch a Schëffer? Dann ass dat heite Buch genee dat richtegt fir dech. Virausgesat, du schaffs och gäre mat denge Fanger, well déi brauchs de, fir dëst Buch fäerdeg ze maachen: fir dem Séistär Punkten ze ginn, fir d’Pinguinen am Waasser schwammen ze loossen a fir d’Muschele méi schéin ze maachen. En Heedespaass!
Wéi Kremart viru Joren en éischt Fangerstempele-Buch erausbruecht hat, war et eenzock vergraff. Du koum d'Versioun mat Monsteren no, déi iwweregens nach ze kréien ass, an elo dauche mer an an d’Mier.