Geschriwwen an illustréiert vum Kate Read
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
D’Opreegung um Buedem vum Gaart ass grouss: De gréisste Käfer vun all de Krabbeldéiere kommandéiert all déi aner, wëll net deelen an ass andauert granzeg! E richtegen, raiberesche Risekiewerlek eeben!
„Wie soll mech scho stoppen?!”, laacht en agebilt.
„Ech huele mir, wat ech wëll, an ech maachen, wat ech wëll!”
Bis zu deem Dag, wou de raiberesche Risekiewerlek an eng Noutsituatioun geréit an hien – dee Groussen – op d’Hëllef vun deene Klengen ugewisen ass …
Eng Geschicht fir Kanner ab 3 Joer.
32 Säiten