E neit Doheem ze fannen ass méi schwéier wei de Mupp am Ufank gemengt hat. Di vill verschidde Mënschen, di an dëser schéiner, grousser Stad wunnen, sinn zwar frëndlech mee oft esou beschäftegt, dass se hien net richteg gesinn. Hien fillt sech esou eleng. Wou ass nëmme säin Doheem?
Wou en e klengt Meedchen begéint, dat verluer war an Heem wollt… decidéiert den Hond spontan em ze hëllefen. A wat en do nach net wousst, ass dass - duerch seng Hëllefsbereetschaft - och säi grousse Wonsch an Erfëllung geet…
Eng flott Geschicht iwwert sech Doheem fillen an d’Verschiddenheet vun de Mënschen.
Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer.