De Flöck ass e ganz gléckleche Mupp. E gëtt vill geheemelt, kritt all Dag e fantastesche Menü zerwéiert anduerf an de Bëscher a Wise stonnelaang schnoffelen a wullen, Häerz wat begiers de. En huet bal alles wat enHond sech ka wënschen, wann do net seng ganz laang Ouere wären. En trëllt driwwer an deet sech oft wéi.Seng Ouere stinn him stänneg am Wee. Mee dann huet hien eng Iddi: de Flöck gëtt den eenzegen Hond, dee matden Ouere mole kann.De Flöck ass net nëmmen e Buch fir d´Aan a fir d´Oueren, mee och fir grouss a kléng Kënschtler a Konschtbegeeschterter.D´Editions Guy Binsfeld hunn dëst Buch an Zesummenaarbecht mat MASKéNADA erausginn.