Wee geeschtert
A menger kichen erëm?
Wéi kann hatt him lassginn?
Komm mam Elli op en aussergewéinlecht Abenteuer duerch eng fantastesch Welt am Gaart.
Do entdeckt hatt , wéi eng geheim Kraaft am Uebst an am Geméis ass.
Virwuert vum Liz Mersch, Dieteticienne
All Eltere si sech eens, datt souwuel d‘Geméis wéi och d’Uebst onbedéngt néideg an der Ernärung vun eise Kanner ass. Mee bis si bereet sinn, fir et z’iessen, brauch een dacks vill Nerven an Iwwerzeegungsaarbecht. Dofir probéieren déi Erwuessen allméiglech Tricken aus, fir de Kanner d‘Geméis an d’Uebst schmackhaft ze maachen...
Dëst Buch mat senge wonnerbaren Illustratiounen erkläert de Kanner, wou dës Zort vun Iessen hierkënnt a wéi eng verstoppte Qual- itéiten a Kräft en dra sinn. Et mécht sécher méi wéi engem Kand Loscht, dës gesond Iesswueren, déi voll mat Zauberkräft e sinn, ze schmaachen!
Fir ëmmer erëm z’iessen an ze liesen... !