D’Finni, eng Bëschmaus, muss säi Brudder an
d’Bëschklinick besiche goen. Den Ipsi war mam
Vëlo gefall an hat sech un enger Schierbel verletzt.
De Wee bis an d’Klinick ass wäit an zimmlech
komplizéiert. Kee kann haut mam Finni matgoen.
Dofir erkläert seng Mamm him de Wee ganz gutt.
Si gëtt him nach e Päckelche mat, an deem e
Kaddo dran ass. D’Finni däerf ënnerwee net an de
Päckelche luussen. Hatt versprécht et.
ISBN : 978-2-9198-1361-2
www.perspektiveditions.com 19,5 € (L)
De Kaddo
Leider verléiert d’Finni de Kaddo
ënnerwee. Hatt muss en onbedéngt
erëmfannen, well ouni Kaddo wëllt
et net bei säi Brudder goen. E puer
frëndlech Déieren hëllefen him beim
Sichen, um Bëschwee, laanscht dem
Feld, an den Hecken ...
Text: Jhemp Hoscheit
Illustratiounen: Sandra Martins