De Pir Kremer, dat ass e Stéck Lëtzebuerg. Fir dem
Auteur säin 100. Gebuertsdag beliicht dëse Katalog
zur Ausstellung Pir Kremer - ZesummegePIKtes d’Liewen
an d’Wierk vun deem Auteur, deem seng Stëmm wuel
wéi keng aner d’Lëtzebuerger Radio- a
Sproochelandschaft gepräägt huet. De Katalog
proposéiert e Réckbléck op dem Auteur säi Liewen,
op seng villfälteg Theaterproduktiounen (Revuen,
Lidder, Sketcher), seng Radios- an
Televisiounsemissiounen (Um Staminet,
Lauschterstécker a Radiosrevuen) an op säi Schafen
als Satiriker. E bitt doriwwer eraus eng originell Vue
op manner bekannte Facettë vun der Perséinlechkeet
Pir Kremer, wéi z. B. seng Aktivitéit als
Publicitéitstexter fir bekannte Lëtzebuerger an
international Marken a seng Zesummenaarbecht mat
verschiddene Plackelabelen.
Den Auteursfong mat der CNL-Referenz L-406, deen zu Miersch am Literaturarchiv läit, weist déi
enorm Produktivitéit, déi de Pir Kremer un den Dag geluecht huet: Esou fanne mir hei ënnert
anerem Manuskripter an Typoskripter, Photoen, Programmen an aner Materialien zu de
verschiddene Revuen, de Lidder, de sëllege Sketcher, de Staminet-Texter an den
Televisiounsemissiounen. Dës Publikatioun erméiglecht domat en Abléck a bis ewell nach ni
gewisen Dokumenter, léisst dem Pir Kremer seng Frënn a Coauteuren zu Wuert kommen a
vermëttelt unhand vu Biller, Stëmmen an Texter déi besonnesch Atmosphär vum Phänomeen Pir
Kremer.
Beim Katalog läit eng CD dobäi, déi de Centre national de l’audiovisuel produzéiert huet. Ze héihere
sinn Originalbäitreeg a Lidder a nei Vertounungen vum Georges Urwald.
Am Katalog ginn et Bäitreeg ze liese vum Pascal Seil, Sarah Rock a Claude Mangen souwéi
Interviewen, déi de Frank Grotz mat den Zäitzeien Danielle Straus-Kremer, Tilly Jung, Emely CaoFoubert, Frank Feitler an De Läb gefouert huet.