De Muxfux huet Gebuertsdag
Sally Weyland , Corinne Wirion a Katrin Trierweiler
De Muxfux huet Gebuertsdag. Hie fënnt e blénkege Bréif a leeft bei
seng Frëndin Lussi. Si fannen eraus, dass et sech em eng Recette
fir e Kuch handelt. Zesumme maachen si sech op d’Sich no allen
Ingredient‘en a begéinen op hirem Wee nei Frënn.
E flott Héierspill op Lëtzebuergesch fir Kanner aus de
Cyclen 1, 2 an 3.
D’Geschicht vum Muxfux mat flotte Kannerlidder fir matzesangen,
spillt sech an aacht Kapitelen vu 5-10 Minutten of. An enger
Unterrechtseenheet kann ee Kapitel gelauschtert an exploitéiert ginn.
An der dozou passender Lehrerhandreichung fënnt ee fir all Kapitel
einfach uwennbar Aktivitéiten a Kopiervorlagen, fir nom Lauschtere
fachiwwergräifend mat de Schüler ze schaffen.
Ergänzend zum Héierspill gëtt et e Billerbuch op Lëtzebuergesch fir de Cycle 1
„De Muxfux huet Gebuertsdag“. Dëst Buch féiert mat flotten
Illustratioune vum Sally Weyland duerch d’Geschicht an hëlleft
neie Wortschatz ze erschaffen an d'Geschicht ze verstoen. Dëst
kann eleng oder als Preparatioun fir d’Héierspill genotzt ginn.
Di däitsch, franséisch, englesch a portugisesch Iwwersetzunge
vum Text fënnt ee per QR-Code um Site: www.fgil.lu. Esou kann
d’Buch och mat den Elteren thematiséiert ginn.