DE FLÉIEPËLZ vum Pit Schlechter, illustréiert vum Pit Weyer
Et ass e Lëtzebuerger Orbis Pictus mat an éischter Linn Beobachtunge vun a Kommentarer iwwer d'Sprooch - mol eescht, mol ironesch, awer ëmmer witzeg: Wéi eng gëfteg Mouk op hirem Fléiepëlz huckt hei en ale Knouterwiichtel an sengem Grant a katapultéiert onappetitlech Pefferkären an nostalgesch Kamellen iwwer d’Remparte vum politesch Korrekte mëtten an seng kathoulesch Heemecht, duer, wou se am lëtzebuergeschsten ass. Mee hannert deem Knouterer verstoppt sech en Auteur, deen seng Lieser ëmmer erëm mat engem Gemësch vun Tatsaachen a Fakenews hannert d’Liicht féiert an se mat neien ale Wierder respektiv „richtegen“ a „falschen“ Ausdréck veronséchert.