De Jong an der Psychiatrie, dee seng Mamm vermësst, obwuel e vun hir mësshandelt gouf; d’Bom Marie, déi Braatsch gespillt huet an elo am Cipa lieft, wou d’Erënnerungen un hiert Kand se tréischten; d’Mamm, déi am héijen Alter stierft, an op eemol geroden Iwwerzeegungen a Gewëssheeten aus der Bunn.
- De Firmi
- Wäissen Tiger
- Ze déif an d’Gewan gekuckt
(mam Ënnetitel: 20 Glieser an e puer Schierbelen)
NUEBELSCHNÉIER ass eng Sammlung vun Erzielungen a Kuerzgeschichten, déi labber uneneenhänken. Munchmol si se lëschteg, munchmol batteren Eescht. Heiansdo ass d'Sprooch ganz duuuss, heiansdo zimmlech rau. Virun allem ass et d’Sich nom Doheem an engem klenge Land.
Als Verlag si mir fest iwwerzeegt, datt dem Jean Back hei e richtege Chef-d'oeuvre gelongen ass!
À propos Jean Back (*1953): Säin éischte Roman Wollekestol koum 2003 an den Editions ultimomondo eraus. 2015 hu seng dräi Monologen aus Zalto mortale den Optakt vun der Kanephora-Rei, der neier Bibliothéik vu Kremart Edition, gemaach. 2017 ass mat Trakl Blues eng Novell an däitscher Sprooch derbäikomm. Seng Kuerzgeschicht De Schapp beim Wal gouf 2020 an der Serie Timba vu Kremart publizéiert, parallel zu sengem Roman L’arc di Marianna bei den Editions Binsfeld. De Jean Back war bis 2016 Direkter vum CNA a gouf fir säi literarescht Wierk a säi kulturellen Engagement ausgezeechent.