An deene bal 200 Joer, an deenen sech zu Lëtzebuerg
Gedanken iwwert d’Lëtzebuergescht gemaach gëtt, huet
sech de Bléck op d’Sprooch méi ewéi eng Kéier verännert.
Si ass haut am Kader vun der Méisproochegkeet an enger
Situatioun, an där nach virun net allze laanger Zäit kaum
een se gesinn hätt. Datt se sech iwwerhaapt vun engem
geschwatenen Dialekt zu enger geschriwwener Sprooch
entwéckelt huet, ass och de Verdéngscht vun deenen, déi
sech iwwert d’Joerzéngter hir Erfuerschung agesat hunn.
D’Lëtzebuergescht huet laang Zäit implizit zu der
Gesellschaft gehéiert, an dëst Selbstverstëndnis ass eréischt
mat gesellschaftleche Verännerungen a Fro gestallt ginn.
D’Sproochgesellschaften hunn dëse Verännerungen zum
Deel virgegraff a si hunn sech explizit mat der Roll vun der
Sprooch ausernaner gesat, éier d’Gesellschaft als Ganzt
sech däers bewosst gouf. Och wann d’Promotioun vum
Lëtzebuergeschen e Projet vun enger Elite war, huet all
Versuch, Afloss op d’Sprooch ze huelen, ëmmer missen
am Austausch mat deenen anere Spriecher geschéien.
Grad an Zäiten, an deenen e gréissert Bewosstsinn fir
d’Sprooch entsteet, ass et wichteg, sech mat hirer
Geschicht ausernaner ze setzen an sech d’Fro ze stellen,
wou déi Iwwerzeegungen hierkommen, déi haut selbstverständlech erschéngen. Dëst Buch soll en
Ausgangspunkt sinn, fir déi éischten 100 Joer vun der organiséierter Beschäftegung mat der
Lëtzebuerger Sprooch besser ze verstoen. Dofir gi fënnef Gesellschaften a Veräiner, déi sech tëschent
1845 an 1940 zu Lëtzebuerg all op hir eege Manéier mat der Sprooch beschäftegt hunn, ënnert d’Lupp
geholl an an den historesche Kontext vun hirer Zäit gesat. D’Geschicht vum Institut Grand-ducal,
vun Ons Heémecht, vun der Letzeburger Nationalunio’n, vun der Société linguistique a vun
d’Hémechtssprôch gëtt dobäi och mat Hëllef vun Archivmaterial verzielt, dat zum Deel nach ni virdru
verëffentlecht gouf