«Ënner der Sonn hunn d’Haiser, an diene mir gewunnt hunn, gegloust, do ware mir zu diem ginn, wat mir elo waren, an een Deel vun der Glous hate mir an eis dran an hu se matgeholl, e Liewe laang wäert se bestëmmen, wat mir maachen oder si loossen, wat mir wëllen, ustriewen, wat fir eis richteg a wat fir eis falsch ass. Heiansdo gëtt déi Glous an eis ugeblosen, da schéissen d’Flamen an d’Luucht, an heiansdo hues de se bal vergiess, da weess de emol net méi, wat an dir brennt a firwat s du brenns.»
Et sinn d’70er Joeren an engem Duerf am Zentrum vum Land. Jiddereen huet seng Plaz. Déi schonn ëmmer am Duerf gewunnt hunn, bestëmmen, wat richteg a wat falsch ass, déi aner, déi nei, déi friem mussen sech upassen oder se hunn et schwéier. Esou war et nach ëmmer an esou soll et och ëmmer bleiwen.
Mee elo op eemol mierken d’Protagonisten, datt eppes an d’Rutsche kënnt, datt grouss Ännerungen op déi kleng Leit duerkommen, an datt et ni méi esou wäert sinn, wéi et eemol war.
De Pascal ass esou ee Friemen, hien ass do ënnen aus dem Heim an en ass ganz anescht wéi mir. Hien akzeptéiert d’Reegelen net, déi zanter éiwegen Zäiten d’Duerf regéieren, seng brutal Direktheet stellt op eemol alles a Fro an d’Hëtzt vum Summer léist d’Gefiller opkachen.
De Roland Meyer hëlt eis a sengem bis elo perséinlechste Buch mat an eng Zäit, déi de Grondsteen geluecht huet, fir déi Welt, an dier mir elo liewen. Villes ass deemools verschwonnen a verluere gaang, mee d’Glous liicht ëmmer nach.