Ufank vum 19. Joerhonnert, iergendwou an den Ardennen. E puer Joer
virdrun huet de Buergermeeschter
vun engem klengen Duerf un deem
Opstand géint d‘Truppen vum
Napoléon deelgeholl, deen ënnert
dem Numm Klëppelkrich (guerre des
gourdins) an d‘Geschicht goung.
An der Tëschenzäit huet hien sech
ëmgedréit fir sech der neier Muecht
z‘ënnerwerfen. Wann d‘Fransouse vu
senger Vergaangenheet sollte gewuer
ginn, géif dat fir hien d‘Guillotine bedeiten.
Bis elo leeft alles gutt fir hien a seng
zwee Gesellen, awer e fréiere Waffenkolleeg, deen am Bësch verstoppt
lieft, kënnt säi Spill opfléie loossen.
IWWER D’SERIE
„Här a Meeschter“ ass den éischte
Band vun der Serie De Rescht vun
der Geschicht…, déi vu bekannte lëtzebuerger BDs-Auteure geschriwwen
a gezeechent gëtt.
Een zweeten Album ass an Aarbecht a
kënnt 2025 eraus.
De Rescht vun der Geschicht… ass
dat, wat net an de Bicher steet.
Queesch duerch d’Joerhonnerten
a queesch iwwer Land geet et ëm
Erliefnisser a Schicksaler, déi keen
derwäert fonnt huet, opzeschreiwen.
Dofir wësse mer och net, ob se sech
genee esou – oder vläicht e bëssen
anescht – zougedroen hunn.