A WANN ...? D'Geschicht vum Fuuss a vum Schleek, vum Jil Winandy
De Fuuss huet net genuch Plaz a sengem Bau. Do begéint en dem Schleek, dee säi klengt Haus iwwerall matschleeft. Zesumme maachen déi zwee en Tour duerch de Bësch an iwwer d'Gewan. Dobäi gesäit de Fuuss, wéi gutt kleng a grouss, lues a séier, ängschtlech a geféierlech Déiere sech zesummen ameséieren a léiert dobäi, datt hie kee Grond huet, d'Flemm ze hunn.
"A wann ...?" erzielt d'Geschicht vun Uspréch, déi wuel jiddereen u sech selwer huet. Virun allem awer weist hei de lëschtege Schleek dem traurege Fuuss, datt en am Fong alles huet, wat e brauch.
Iwwer d'Autorin an Illustratorin
D'Jil Winandy ass 1990 zu Lëtzebuerg gebuer an zu Hesper opgewuess. D'Première huet et 2009 am Lycée Aline Mayrisch gemaach an huet dono zu Bréissel, Lëtzebuerg a Wien Pedagogie, Sozial- an Erzéiungswëssenschafte studéiert. No e puer Joer als Enseignante am Fondamental zu Iechternach huet d'Jil vun 2017 bis 2019 zu Wien gelieft, wou et als Dozentin op der Uni Wien Coursë gehalen an en Doktorat am Beräich Bildungswëssenschaften ofgeschloss huet. Elo schafft et um Institut de formation de l'Éducation nationale (Ifen). D'Jil ass faszinéiert vu Sproochen, seng Begeeschterung fir Kannerbicher begleet et schonn e Liewe laang. D'Buch "A wann ...?" vum traurege Fuuss an dem gewëtzte Schleek ass säin éischt eegent Buch fir Kanner.