Geschriwwen an illustréiert vum Chris Naylor-Ballesteros.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
E friemt Déier ass haut ukomm. Et gesäit stëbseg, midd a matgeholl aus.
E bëssen Angscht huet et och. Et schleeft eng grouss Wallis hannert sech
hier. D'Hong, den Hues an de Fuuss hunn nach ni esou en Déier gesinn.
Se sinn mësstrauesch virum Neien an hunn dausend Froen:
"Firwat ass et hei?",
"Wou kënnt et hier?",
"Wat ass a senger Wallis?".
Eng originell, empathesch Geschicht iwwert d'Toleranz virum Friemen,
d'Akzeptanz vum Aneschtsinn an dat opgeschlossent Entdecke vun Neiem
aus enger ferner Welt.
Fir Kanner ab 3 Joer.
32 Säiten
ISBN: 978-2-919817-13-9