Wéi ech menger Famill, menge Frënn a Bekannten ugekënnegt hunn, datt deen zweete Band mat de klasseschen ale Mythen aus dem europäesche Norde gefëllt sollt ginn, war d’Begeeschterung immens grouss. Oft hunn d’A gefonkelt a jiddereen huet deen een oder aneren Acteur aus där sougenannter nordescher Mythologie genannt, huet sech u spannend Geschichten erënnert, déi en an der Jugend matkritt huet. Ëmmer war d’Uerteel datselwecht: D’Mythe ronderëm Odin, Thor & Ko hu si gepräägt, déif gepräägt, sief et duerch Texter, Biller oder Filmer. Allerdéngs konnten d’Leit seelen ee gréisseren Zesummenhang opzeechnen. E gewëssene Flou war erkennbar, deen op dëser Plaz e bësse méi schaarf Konture kréie soll.
Net zulescht dowéinst hunn ech mech entscheet, ee weidert Stéck ural an extrem spannend Weltliteratur an déi Lëtzebuerger Sprooch ze iwwerdroen. Dobäi sinn e puer ganz flott Geschichten erausgewielt ginn, déi duerch dem Carlo Schneider seng Zeechnungen eng ganz eege visuell Form krut hunn. Ech sinn dem Carlo fir seng Mataarbecht ganz vill dankbar a mengen, a sengem éierlechen an onverwiesselbare Stréch ze erkennen, datt och hien en “Adept” vun de nordesche Mythen ass an hie sech dëser dach usprochsvoller kënschtlerescher Erausfuerderung gäre gestallt huet.
Déi nordesch Mythologie ass virun allem eng Aart Naturphilosophie, keng wierklech Relioun am enke Sënn, mat Gleewegen oder Glawensbekenntnesser, keng strukturéiert Kierch also. Ganz fréier, besonnesch virum Opkomme vum Chrëschtentum an nach bis zum Enn vum éischte Joerdausend no Christi Gebuert, hunn d’Mënschen sech op eng fantasievoll Aart a Weis gefrot, no wéi enge Prinziper d’Natur oflafe géif. Si hun sech Froe gestallt an no Äntwerte gesicht: Wéi geet d’Sonn op, wéi geet se ënner, firwat blëtzt et, wéi kënnt et zu Naturkatastrophen asw. Dofir hun si sech eng Welt erduecht, an där si all méiglech Wiesen, jo souguer Géigestänn, fir dat, wat geschitt ass, verantwortlech gemaach hunn: Gëtter, Alben, Risen, Zwergen, Hexen, Ongeheier... Wärend virun allem d’Risen ëmmer erëm de Kosmos an Onrou gestierzt hunn an dëse vernichte wollten, hu si sech Géigespiller erduecht, déi d’Gläichgewiicht erëm hierstellen: Gemengt sinn déi zwou grouss Famille vu Gëtter, d’Wanen an d’Asen. Si hate jeeweils hiren eegene Charakter, déi eng hate méi den Hang zum Krich (d’Asen), déi aner waren éischter “sensibel” a mat der Natur verbonnen (d‘Wanen). Wat zum Beispill an der Edda steet, fënnt een och am Lidd vun de Nibelungen, villes ass also e Stéck fréi europäesch Kultur, betrëfft eis Pappen a Mamme vu ganz, ganz fréier. Dat ass et wahrscheinlech, wat eis och haut nach esou staark beweegt, wa mer eis mat den nordesche Mythe beschäftegen.
Ech mengen, neen, ech si ganz sécher, datt d’Geschichten aus dem sougenannten héije Norde vun Europa, déi hei op Lëtzebuergesch erzielt ginn, jidderee beweegen, sief et, datt se nees an d’Gediechtnes zeréckgeruff ginn, sief et, datt Neies fonnt gëtt oder vläicht, datt se fir d’éischt iwwerhaapt gelies ginn.
Wat, sou wëlle mer ofschléissend froen, wat wier de Mënsch ouni seng Erënnerungen, ouni seng Geschichten, op een dës elo Erzielungen, Mythen, Soen oder wéi och ëmmer nennt? Net vill. Wahrscheinlech ee ganz trauregen!
Drot se duerfir weider, bei Är Frënn a Bekannten, virun allem awer bei Är Kanner a Kandskanner. Si wäerten Iech dankbar sinn, an Dir Iech selwer och.