Wat d’Maude méi grouss a verstänneg gëtt, wat seng Famill him méi
Kappzerbrieches bereet. „Hunn déi all de Klimpi vreckt oder sinn ech net
normal?!“, freet hatt sech. An der Schoul sinn och vill Toperten ënnerwee an
d’Maude zitt sech ëmmer méi zeréck a seng eege Welt.
Mee hatt ass net eleng. Zanter senger Gebuert ass e klengt Monster extra fir
hatt do. Ëmmer, wann d’Maude veronséchert gëtt, wiisst säi Monster, bis et
op eemol esou grouss gëtt, dass déi zwee sech richteg kenneléieren.
Vun do u weess d’Maude, dass et net eleng duerch d’Liewe geet, mee wie wëll
scho permanent e „Fäert-Uasch“ bei sech hunn?