Ganzer fënnef Sekonnen ass et ganz roueg an der Kiche vun der Villa Kuddelmuddel. Dono doen der zwee ganz haartKreesch. Et sinn den Tommy an d´Annika, déi vu Freed jäizen. Den Här Nilsson, deen um Dësch sëtzt a probéiert sech Botter op den Hutt ze schmieren, kuckt ganz paff op. Nach méi paff ass en, wéi e gesäit, dass d´Pippi, den Tommy an d´Annika Hand an Hand ronderëmdanzen. Si danzen a jäize sou benzeg, dass d´Plafongsluucht op de Buedem fält. Am drëtte Band vum weltberühmte Kannerbuch vum Astrid Lindgren geet fir den Tommy an d´Annika en Dram an Erfëllung: Si däerfe mam Pippi op d´Kurrekurreduttinsel seegelen, wou hatt Prinzessin soll ginn. Mee an der Südséi lauere Geforen, déi hinnen an dësem Moment nach net bewosst sinn ...