Zakopane spillt an de Joren 1939-1941.
Zwee Schicksaler treffen openaner.
Dat vum Alois, e frustréierte Flantes
aus biergerlecher Famill, deen an der
Nazi-Ideologie eng Rechtfäerdegung
fënnt, fir sengem Haass op d‘Judde
fräie Laf ze loossen an dat vum Ackermann,
en eelere Gendaarm, deen
enquêtéiert. Am Laf vun de Méint,
an der erdréckender Atmosphär vun
der „drôle de guerre“, kënnt hien dem
Mäerder ëmmer méi no, bis dee, just
virun der Invasioun 1940, verschwënnt.
Duerno muss den Ackermann d’Nazifizéierung
vun der Polizei iwwert sech
ergoe loossen, wärend den Alois beim
grousse Morden am Osten derbäi
ass. 1941 mécht dem Ackermann säi
Gewëssen net méi mat. Hie quittéiert
den Déngscht, mä sicht weider nom
Alois; d‘Spur féiert a Polen.