Go Kids!
Opgrond vu ville Suggestiounen, wou bemängelt gouf, dass d’Spill zwar mega flott fir Erwuessener awer ze schwéier fir Kanner a Kids wier, huet d’Equipe vun „mm games“ beschloss, eng speziell Editioun fir dës Alters- a Bildungskategorie nei auszeschaffen. E Mix aus den zwou éischten Editioune mat neien Elementer, Uertschaften, Lieu-diten, Eventer a Quizfroen, déi vu Schüler a Studenten zesummegestallt goufen. A mat enger ganz wichteger Neierung: All d’Gemenge vum Land (mat de Kantonsgrenzen) si schonns op de Spillplang gedréckt an zousätzlech gëtt et och op der Spillkaart eng Foto an eng geografesch Hëllef, a wéi enger Regioun ee muss siche goen. Hei begéinen sech den edukative Sënn an de Spaassfaktor. Eng Balance tëschent „Net ze schwéier“ a „Jo, ech weess“.
Och fir „grouss Kids“!
Dëst Spill am neie Look eegent sech fir eng Alterskategorie tëschent 10 an 18 Joer, mee kann och gäre vu „grousse Kids“ gespillt ginn, fir déi d’Spiller virdrun ze schwéier waren. De Spillplang gouf nei konzipéiert an et gouf och eng nei Kategorie „Duell“ agefouert, wou ee ka säi Matspiller erausfuerderen. Och wann déi schéin Uertschaften, touristesch Siten an Eventer an Evidence gesat ginn an ee ganz vill iwwert eist Land gewuer gëtt, däerf een ni vergiessen, dass et nëmmen e Spill ass – an de Spillenthusiasmus wichteg ass!
Rucksak
D’Junior Editioun ass net „traditionell“ an enger Këscht verpaakt, mee an engem Rucksak!
De Spillplang ass op engem Klemmbriet (wat een och soss gutt ka gebrauchen), an als Bonus gëtt et och e coole Gedrénksbidon derbäi mam Logo „Jo, ech weess“. De Rucksak mam flotten Opdrock vu „Kenns du Lëtzebuerg?“ kann een natierlech fir all privat Zwecker benotzen. A fir ze spillen, ze roden, ze wëssen a sech z´ameséiere gëtt et 180 Spillkaarten.
Dëst Spill heescht „JUNIOR EDITIOUN“ a kennt de 5. November 2019 fir € 29.90.- an den Handel.