Wann ee probéiert, d’Welt mat aneren Aen ze gesinn, mierkt een,
dass vill méi an de Saache stieche kann, wéi een op den éischte
Bléck mengt. Dëst stellen och de Charel a säin näischnotzege
klenge Brudder Jim an enger spannender Rees duerch d’Haus fest.
Mat enger gesonder Portioun Fantasie verwandele se Decken an
Hielen, Wäschkierf a Schëffer a klotere gewëtzt iwwer all Steen,
deen hinnen an de Wee geluecht gëtt.
„Déi Wëll lafen am Bësch! Dee Saz hues du dach bestëmmt
schonn déi eng oder aner Kéier héieren, oder net? Dësem an
nach ville weidere lëtzebuergesche Spréchwierder a
Riedewendunge begéins du an eiser Geschicht. Well déi
souwuel am wuertwiertleche wéi och am iwwerdroene Sënn
agesat sinn, wäerts du kee Problem hunn, fir se ze verstoen, ob
s du elo 4 oder 101 Joer al bass. A wann awer nach eng Fro
bleift, fënns du d’Erklärunge vun typesch lëtzebuergeschen
Ausdréck um Enn vum Buch.
Komm elo mat eis op bekannte Plazen am Ländchen, stëmm
dat eent oder anert Vollekslidd un an zéck net, déi sëllege
Spréchwierder nozebabbelen.“
Jim & Charel