D'Bonnie kann net schlofen. Et langweilt sech. A soss ass kee waakreg am Haus. Oder? D'Bonnie mécht sech op d'Sich no de Monsteren aus der Nuecht, fir mat hinnen ... ze spillen! Well d'Bonnie fäert keng Monsteren. Fäerten, dat ass just eppes fir Erwuessener!
Nuets gutt schlofen ... dat klappt net ëmmer. Bonnie probéiert, mat Sensibilitéit, Fantasie an e bëssen Humor d'Angscht virun der Däischtert ze meeschteren. Net nëmme fir Kanner.
Vun 3 Joer un
Bonnie can't sleep. She is bored. So, she goes looking for the creatures of the night... To play with them! Bonnie isn't afraid. Only grown-ups are scared of monsters!
Getting a good night's sleep... It doesn't always work. With sensitivity, a little humour, and a lot of fantasy, Bonnie tries to overcome these fears. A book for children... but not only.
For children aged 3 and over