Eng Ko-Produktioun vum Centre national de l’audiovisuel (CNA) a vum Centre national de
littérature (CNL)
schacko klak. biller aus der kandheet (1935-
1945) ass dem Roger Manderscheid säin éischte
Roman op Lëtzebuergesch. En ass 1988 dräi Joer
nom Guy Rewenig sengem Roman Hannert dem
Atlantik bei den Editions Phi erauskomm. Am
Mëttelpunkt vun der Handlung steet de Chrëscht
Knapp, deen an 32 Kapitele vu senger Kandheet
zu Izeg an de Jore virun a wärend der NaziOkkupatioun a vu senger éischter Léift, dem
Jhuliett Reiter, verzielt. De Roman zeechent e
Portrait vun deem, dee »blatzkueder«, »jeizi« oder
»toxi« genannt gëtt, op zwee Erzielniveauen, op
där enger Säit aus der Perspektiv vum
Véierjäregen, op där anerer aus der Siicht vum 56-
Järegen, deen zanter 20 Joer zu West-Berlin
wunnt, an d’Vergaangenheet a Bréiwer un
d’Jugendfrëndin reflektéiert.
Dësen ikonesche Roman vun der moderner Lëtzebuerger Literatur läit elo als Lauschterbuch op
enger Duebel-CD am MP3-Format an als Audiodatei fir erofzeluen vir. Den Download-Code
gëtt mat den CDe geliwwert.
»Et gëtt sécher keen anere Schrëftsteller hei zu Lëtzebuerg, dee sou wéi de Manderscheid eis
Literatur verännert huet. Duerch seng literaresch Aarbecht huet hien de Wee virbereet fir e ganz
neit Identitéitsgefill vun de Lëtzebuerger Schrëftsteller.« (Robert Gollo Steffen)
Lafzäit ongeféier 10 Stonnen