Nach eng nei Editioun vum Reenert, ass dat néideg, 150 Joer nodeems de Michel Rodange säi Meeschterwierk fir d’éischt publizéiert huet?
Jo, well den Nationalepos kënnt 2022 an engem ganz neie Frack!
D’Editioun, déi de Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) virleeën, baséiert op dem Originaltext vun 1872, ugepasst an déi haiteg Schreifweis (dohier och den Duebel-e am Titel).
Déi 14 Gesäng ginn allkéiers ageleet vun enger faarweger Zeechnung vun der Kënschtlerin an Illustratrice Mia Kinsch. Hannert all Gesank steet och e Commentaire vum Historiker Mohamed Hamdi, deen e politeschen oder sozialen Theema aus dem Reenert erausgräift, beispillsweis d’Roll vun der Kierch oder d’Liewen um Land.
An engem Essay beliicht d’Elise Schmit d’Déierefabel aus literaturwëssenschaftlecher Siicht a beschreift, wéi de Rodange si asetzt, fir Gesellschaftskritik ze bedreiwen. An engem zweeten Aufsatz beschreift de Jean-Luc Schleich déi wichtegst berufflech a privat Statiounen am Waldbëlleger Dichter sengem Liewen.
De Sproochhistoriker Sam Mersch liwwert eng 900 Wuerterklärungen zu dem Rodange senge Versen; dat kënne Wierder sinn, déi haut net méi geleefeg sinn, oder Verbformen, déi haut nëmmen nach siele benotzt ginn. Och ass op eng gendersensibel Sprooch opgepasst ginn, ouni awer ganz mat de Liesgewunnechten ze briechen.
Fir dat ambitionéiert Konzept vun der Mise en page hunn déi zwee Grafiker Michel Welfringer a Fabrice Dehaeseleer gesuergt. Net nëmmen déi eenzel Schrëften, och déi verschidden Zorte Pabeier, déi dem Buch de Cachet vun engem beau livre ginn, hu si mat vill Léift zum Detail erausgesicht.
Den Ofschloss mécht eng ganz besonnesch Landkaart, op där een de Wee vum Rodange vun 1827 bis 1876 ka verfollegen.
Obschonns si net als sollech konzipéiert gouf, ass dës Editioun ganz gewëss eng, déi dem 150-järege Jubiläum vum Reenert gerecht gëtt.
------------------------------------------
Informationen zur Bindeart:
Bei der gewählten Buchbindung handelt es sich um eine sogenannte “reliure suisse (avec dos apparent)”. Herausgeber und Grafiker haben sich bewusst für diese Bindung entschieden.
Damit tragen sie dem Umstand Rechnung, dass es sich in erster Linie im eine Schulausgabe handelt.
Der Vorteil dieser “reliure suisse” besteht darin, dass man das Buch überall aufschlagen und dennoch flach auf den (Schreib)tisch legen kann, ohne es unnötig auseinanderzubiegen. (Das kann sich als sehr nützlich bei der Erledigung von Hausaufgaben erweisen.)
Die Leser müssen sich auf keinen Fall sorgen, dass die Fadenheftung dabei Schaden nimmt – ganz im Gegenteil. Nicht zuletzt wird bei der “reliure suisse” die hohe handwerkliche Kunst des Buchbinders sichtbar.
------------------------------------------------------------
Infos concernant la reliure:
La reliure choisie est ce que l'on appelle une "reliure suisse (avec dos apparent)".
L'éditeur et le graphiste ont délibérément opté pour cette reliure.
Ils tiennent ainsi compte du fait qu'il s'agit en premier lieu d'une édition scolaire.
L'avantage de cette "reliure suisse" est qu'il est possible d'ouvrir le livre partout et de le poser à plat sur la table sans le plier inutilement. (Cela peut s'avérer très utile pour faire ses devoirs).
Les lecteurs ne doivent en aucun cas craindre que la reliure s'en trouve endommagée, bien au contraire. Enfin, la "reliure suisse" met en évidence le grand art artisanal du relieur.