Sammlung vun ale Wierder an Ausdréck — Band 2:
Et ass esou wäit! „Vun der Long op d’Zong“ ass, no aacht
Joer, erëm do – nei a frësch iwwerschafft!
Den zweete Band vun der Neieditioun vu „Vun der Long op
d’Zong“ deelt sech a follgend véier Rubricken:
1. Erklärung an Deitung vu mëttelalterleche Spréch, déi haut
nach am Gebrauch sinn;
2. Erklärunge vun (alen) Riedensaarten an Ausdréck unhand vu
Synonymmen;
3. eng Oplëschtung ouni Erklärung vun (alen) Spréch a
Wouerwierder;
4. eng speziell Rubrik („Sot de Mann, sot d’Fra“) vu reellen a
fiktiven Aussoen aus der Vergaangenheet bis an di haiteg Zäit,
vu prominenten an nit sou prominente Matbierger oder
Figuren.
Och an dësem Band fannt Dir Ausdréck, Wierder a Sprooch
aus der fréierer Duerfambiance an dem Baueremilieu. Taucht
an an déi genësserlech, lieweg an heiansdo rau
al Lëtzebuerger Sprooch.
Entdeckt mam frëschen, erweiderten an an zwee Bänn
opgedeelte „Vun der Long op d’Zong“ déi al Lëtzebuerger
Sprooch nei!