Ausdréck aus dem fréieren Duerfliewen — Band 1:
Et ass esou wäit! „Vun der Long op d’Zong“ ass, no aacht
Joer, erëm do – nei a frësch iwwerschafft!
Sprooch ass am stännege Wandel a sou och eis
Heemechtssprooch Lëtzebuergesch. An dësem éischte Band
këmmere mir eis drëm, dass al Wierder, déi soss iergendwann
eng Kéier vun der Bildfläch verschwanne géingen, preservéiert
a konservéiert ginn. De Vocabulaire aus der fréierer
Duerfambiance oder alen Theaterstécker mat Lokalkolorit,
deen an dësem Band ënner anerem zesummegedroe gëtt,
ergänzt aner scho publizéiert Wierker, ouni a Konkurrenz mat
dësen ze stoen.
Dëst Buch ass awer méi ewéi dat! Nieft dem Vocabulairesdeel,
wéi een e kennt, fannt Dir bei all Buschtaf interessant,
deelweis historesch, baierlech oder och e bësse méi
humoristesch Texter.
Entdeckt mam frëschen, erweiderten an an zwee Bänn
opgedeelte „Vun der Long op d’Zong“ déi al Lëtzebuerger
Sprooch nei!