Mat historesche Kommentären op Gedichter vu Lentz, Dicks, Rodange, vum Putty Stein, Willy Goergen, Auguste Liesch, Nik Welter, Nik Hein, Marcel Reuland, Tit Schroeder, Roger Manderscheid a munnech aneren gët e Bild gezeechent vu Lëtzebuerg am 19. an 20. Joerhonnert.
Et geet ëm Émigratioun, Agrikultur a Wäibau, politesch Krisen, d’Eisebunn, d’Stol-Industri, ëm d’Sprooch, d’Monarchi, Volleks-Gebräicher a Krichs- Affer.
Wee méi lauschtere wëllt, kritt e Link op de Site vum Archiv vum Radio 100,7, fir deen nach aner Émissiounen geschriwe goufen an der Zéri „En Album Lëtzebuergesch Gedichter“.