"Mir behalen en Text besser a méi laang, wann e
‚strukturéiert‘ (am Takt) ass, sief dat an der héiger
Literatur oder bei méi klengem Geschreifs. Dat gëllt
natierlech och fir méi lëschteg Geschichtercher,
also ‚SCHNOKEN‘, déi am Däitsche ‚Schnurren‘
an op franséisch ‚farces‘ heeschen.
Mir kennen alleguer Leit, déi e Witz wonnerbar
‚einfach esou‘ erziele kënnen; anerer hunn dat
Talent net drop a wierke guer net witzeg.
‚Dem Jabo seng Kap‘ verléiert als riichtewech
Prosa säi ganze Charme; als eng Zort Gedicht ass
e wierklech lëschteg a behält sech laang a prima.
Dat waren Iwwerleeungen, wéi ech en etlech Dose
Witzen an e puer méi eescht Saachen an eng ‚Form‘
gesat hunn, déi sech un e Rhythmus, deelweis un
e Reim hält… ouni deen normale Saz- a
Schwätzfloss ze vergewaltegen.
Ech wënsche menge Lieser vill Freed bei sech an
deenen, fir déi si déi kleng Schnoken zum beschte
ginn. L.R."