Dës illustréiert Geschicht erzielt vun engem Fuuss, deen
ëmmer voller Energie war a seng Frënn mat senger
gudder Laun eng fuusseg Freed gemaach huet. Enges
Daags kribbelt et den Toni an de Been an hie ka bemol
net méi sou héich sprange wéi soss. Seng Kraaft
verschwënnt an hien huet schrecklech Bass. Da fänkt en
och nach u faarweg um ganze Kierper ze ginn.– A wéi
wann dat net alles scho schwéier genuch ze erdroe wier,
zéie seng Frënn sech zréck a kënnen näischt mat deem
„Konfettimonster“ ufänken. Den Toni fillt sech eleng a wëll
einfach erëm esou sinn, wéi déi aner. Kann
d’Zaubermaus Kamella Pop him säi Wonsch erfëllen?
Oder gëtt en anere Wee, fir esou akzeptéiert ze ginn, wéi
en elo ass? D’Buch gouf an Zesummenaarbecht mat
ALAN ASBL – Maladies Rares Luxembourg verëffentlecht.