Dee Bestseller aus den USA, elo op LëtzebuergeschE Buch ouni Biller - wat soll doru witzeg sinn? Mä elo emol am Eescht! D´Buch ouni Biller vum B.J. Novak ass immens lëschteg, awer och extrem raffinéiert. Et hëlt de klenge wéi de grousse Lieser an Nolauschterer eescht a vermëttelt op eng verspillt-hannersënneg Manéier d´Freed um geschriwwene Wuert, um Liesen an u Bicher ganz allgemeng.Deemno dat idealt Buch fir ze liesen, fir virzeliesen a virgelies ze kréien. Hei de Link op Youtube, wou een den Auteur beim Virliesen an d´Begeeschterung vun de Kanner, déi him nolauschteren, materliewe kann: www.youtube.com/watch?v=cREyQJO9EPs.Zanter Woche steet The Book With No Pictures an der New York Times op der Plaz 1 vun der Bestsellerlëscht. Elo, Ufank Dezember 2014, kënnt d´Buchsensatioun vun dësem Hierscht och op Lëtzebuergesch eraus, als éischt Iwwersetzung weltwäit, nach virun de Versiounen op däitsch, franséisch, schwedesch oder spuenesch.