Gratis Versand a ganz Lëtzebuerg ab 25 €
Lëscht
Ären Notizblock ass eidel.
De Wuerekuerf ass eidel.
Gratis Versand a ganz Lëtzebuerg ab 25 €
D’Erëffnung vun der éischter Librairie Ernster an der Uewerstad, net wäit vum Athénée, geet op d’Joer 1889 zréck.


De Pierre Ernster, dee sech drop spezialiséiert hat Schoulbicher ze schreiwen, a spéider Co-Auteur an Editeur war, huet deemools decidéiert sech op déi aner Säit ze stellen a seng eege Librairie opzemaachen; an dëst an der Stad, do wou och nach haut de Buttek ze fannen ass. 


An den 20er Joren huet de Ferdinand, säi Fils, de Familljebetrib iwwerholl. No sengem Doud am Joer 1939, huet seng Fra d’Claire de Buttek geleet an huet versicht sou gutt wéi méiglech d’Turbulenze vum zweete Weltkrich ze iwwerstoen. 


De Pit Ernster, de Papp vum aktuellen Direkter Fernand Ernster, huet 1958 d’Parte vu senge Geschwëster ofkaaft fir d’Kontinuitéit am Familljebetrib ze assuréieren. 


Am Alter vu 24 Joer huet de Fernand Ernster 1984 am Betrib ugefaangen. Dat selwecht Joer huet den éischte Buttek an engem Akafszenter-an zwar an der Belle Etoile- seng Dieren opgemaach. Iwwer Joren dréit de Fernand Ernster zur Expansioun an der Villsäitegkeet vun den Aktivitéiten, mat ënner anerem enger Mise en place vun engem  informatesche System, bäi. Hie war och deen éischten an dëser Branche, deen op de Wee vun engem informatiséierte Stock a vum Internetverkaaf gaangen ass. 


 Am Joer 2018 ass den zweeteelste Fils vun der Famill, de Paul Ernster an de Familljebetrib rageklommen an ass zoustänneg fir verschidde Projeten ze developpéieren.


D’Sortiment vun der Librairie Ernster beschränkt sech hautdesdaags bei wäitem net méi nemmen op Schoulbicher. De Grupp emfaasst mëttlerweil néng Site, déi sech un den aktuellen Wënsch a Besoinen vun der Clientèle orientéieren, an beschäftegt 100 Mataarbechter. E Familljebetrib duerch an duerch...