Gratis Versand a ganz Lëtzebuerg ab 25 €
Lëscht
Ären Notizblock ass eidel.
De Wuerekuerf ass eidel.
Gratis Versand a ganz Lëtzebuerg ab 25 €

D'Recommandatiounen vun eise Librairen

Am 6. Band vun der ZLS-Serie iwwer lëtzebuergesche Wierder an Ausdréck geet et em d´Wierder, déi mat Ge- üfänken.
"Gelëmps", "Gemauschels", "Gedierängels" sinn nëmme puer Beispiller vun den Ausdréck déi op véier Sproochen erklärt ginn.
Fir selwer ze stöberen oder fir ze verschenken!
Een Muss fir all Fussball Fan!
Eng spannend Lektür fir jiddereen deen sech fir de Lëtzebuergesche Fussball interesséiert: mat interessante Storyen, Portraiten iwwer Veräiner, Anekdoten aus der Vergaangenheet an Hannergrondberichter. Donieft Statistiken an Tabellen a vill flott Fotoen an Illustratiounen.
This book is a fun and encouraging way to start learning Luxembourgish. Thanks to online audio recordings, you can listen to a native speaker pronounce words and sentences as you learn them. A password at the beginning of the book also gives you access to online flashcards to help you review.
E Buch wat geduecht ass fir déi Kleng, mä och schéin ze kucken ass fir déi Grouss! Mam Charlotte kann een d?Land mat senge verschiddene Facetten an Traditiounen op eng spilleresch Aart a Weis kenneléieren. Mat flotten Texter vum Thomas Schoos a schéinen Illustratioune vum Keong-A-Song. D'Buch gëtt et iwwregens op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. 
De "Grüffelo" ass deene meeschte Kanner e Begrëff! Entdeck mam Här Äschtchen dat neisten Abenteuer vum Duo Donaldson/ Scheffler op Lëtzebuergesch vum Martine Schoellen iwwersat.

Den Tipp vum Mount - Luxemburgensia

ZLS: Gedeessems, Gesolpertes, Gewurschtels - 116 gehäerzte Wierder

Ernster Editions

Är Librairie zu Lëtzebuerg - Ernster l'esprit livre

Eis Geschicht:


D’Erëffnung vun der éischter Librairie Ernster an der Uewerstad, net wäit vum Athénée, geet op d’Joer 1889 zréck.
De Pierre Ernster, dee sech drop spezialiséiert hat Schoulbicher ze schreiwen, a spéider Co-Auteur an Editeur war, huet deemools decidéiert sech op déi aner Säit ze stellen a seng eege Librairie opzemaachen; an dëst an der Stad, do wou och nach haut de Buttek ze fannen ass. 
An den 20er Joren huet de Ferdinand, säi Fils, de Familljebetrib iwwerholl. No sengem Doud am Joer 1939, huet seng Fra d’Claire de Buttek geleet an huet versicht sou gutt wéi méiglech d’Turbulenze vum zweete Weltkrich ze iwwerstoen. 
De Pit Ernster, de Papp vum aktuellen Direkter Fernand Ernster, huet 1958 d’Parte vu senge Geschwëster ofkaaft fir d’Kontinuitéit am Familljebetrib ze assuréieren. 

Am Alter vu 24 Joer huet de Fernand Ernster 1984 am Betrib ugefaangen. Dat selwecht Joer huet den éischte Buttek an engem Akafszenter-an zwar an der Belle Etoile- seng Dieren opgemaach. Iwwer Joren dréit de Fernand Ernster zur Expansioun an der Villsäitegkeet vun den Aktivitéiten, mat ënner anerem enger Mise en place vun engem  informatesche System, bäi. Hie war och deen éischten an dëser Branche, deen op de Wee vun engem informatiséierte Stock a vum Internetverkaaf gaangen ass. Zënter 1999 huet hien eleng den Undeel an der Firma.

Am Joer 2018 ass den zweeteelste Fils vun der Famill, de Paul Ernster an de Familljebetrib rageklommen an ass zoustänneg fir verschidde Projeten ze developpéieren.

D’Sortiment vun der Librairie Ernster beschränkt sech hautdesdaags bei wäitem net méi nemmen op Schoulbicher. De Grupp emfaasst mëttlerweil zéng Site, déi sech un den aktuellen Wënsch a Besoinen vun der Clientèle orientéieren, an beschäftegt méi wéi 100 Mataarbechter. E Familljebetrib duerch an duerch...

Méi Detailer iwwer eis: