Gratis Versand a ganz Lëtzebuerg ab 25 €
Lëscht
Ären Notizblock ass eidel.
De Wuerekuerf ass eidel.
Gratis Versand a ganz Lëtzebuerg ab 25 €
Ëffnungszäiten Méi-Fr 09:00-18:00

Bicher sinn eis Passioun

Serviceleeschtungen"Bei eis gëtt Service grouss geschriwwen". Eis Mataarbechter hëllefen Iech gär, dat richtegt Buch fir all Geleeënheet ze fannen. Déi meescht Mataarbechter si méisproocheg a beroden Iech an Ärer Sprooch.
Online-Shopping"Ëmmer z'erreechen". Mir sinn och online fir Iech do . . . an zwar 24 Stonnen am Dag, 7 Deeg an der Woch, 365 Deeg am Joer (an heiansdo esouguer een Dag méi).
VillfaltEis Librairieë bidden e grousse Choix vu Bicher an de Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.
Papeterie an Non-BookAusser Bicher fannt Dir bei eis och Kalenneren, Bicher fir Nozelauschteren, eReader, Papeterie an doriwwer eraus e grousse Choix vun attraktiven Non-Book-Artikelen a Spiller.
GeschäftsclientenFull Service ouni Suergen". Mir bidden en ëmfangräiche Service mat konkreten Avantage fir eis Geschäftsclienten: eng zouverlässeg a séier Uschafung, déi Zäit spuert a gläichzäiteg eng komoud Ofwécklung vun den administrative Prozesser.
KadosbongenDir wësst net, wat fir e Kado Dir sollt maachen. Bei eis kommt Dir sécher op déi richteg Iddi oder kënnt ganz einfach e Kadosbong no Ärem Wonsch kafen.
EvenementerD'Salz an der Zopp". Liesungen, Autogrammstonnen oder aner thematesch Evenementer komplettéieren eis Offer a ginn Iech d'Méiglechkeet fir e ganz individuelle kulturellen Echange.
LiwwerserviceGär schécke mir Iech Är Commande op all Adress am Land. Bestellungen iwwert eise Webshop si souguer portofräi ab 25€ pro Bestellung. Eng Liwwerung an d'Ausland ass payant.
Aner ServiceleeschtungenSoubal Är Bestellunge bei eis ukomm sinn, kritt Dir mat Mail oder SMS Bescheed gesot. An op Wonsch verpake mir natierlech och Är Buchgeschenker gratis.
GeschwindegkeetDe Bestellservice am Buchhandel ass eenzegarteg! A kierzester Zäit kënne mir Iech all Buch besuergen, dat liwwerbar ass. E groussen Deel vun der däitscher Buchvillfalt kënne mir souguer bannent 24 Stonne beschafen.