Allerhand – déi nei Bicherrei vum SCRIPT
Allerhand presentéiert flott Wierker aus der Literatur op Lëtzebuergesch als praktesch
Täschebicher. D’Rei ass speziell fir de Gebrauch am Unterrecht geduecht, an engem
handleche Format a mat Plaz fir eegen Notizzen. An all Buch stinn Erklärunge vu manner
gebräichleche Wierder a kuerz Explikatiounen, déi d’Verstoe vum Text erliichteren. Eng
Interpretatioun gëtt doriwwer eraus éischt Iddie fir d’Nodenken an d’Diskutéieren an der
Schoul wéi och baussent dem Unterrecht. Allerhand – dat ass Literatur op Lëtzebuergesch fir
Jonker a fir jiddweree soss, dee gäre liest.
Aleng ass en autofiktionale Roman, deen op den Erfarunge vun der deemools eréischt
15järeger Autorin Cathy Clement baséiert a gréisstendeels an Tagebuchform erzielt gëtt.
Et geet ëm typesch Konflikter a Situatiounen aus dem Liewe vu Jonken: Verléiftsinn a
Bezéiungssträit, éischt sexuell Erfarungen, d’Fro no der eegener Identitéit asw. Besonnesch
ass un Aleng, wéi d’Autorin iwwert hier Famill schreift. De Papp terroriséiert mat sengem
onberechenbaren an aggressive Behuelen déi ganz Famill a ganz besonnesch d’Erzielerin.
D’Buch handelt dovun, wéi dat jonkt Cathy probéiert, mat där schwiereger Situatioun a mat
senge psychesche Problemer eens ze ginn.
An den 90er Joren war dëst Buch en absolutte Bestseller an och e wéineg e Skandalbuch
(wéinst der ongeschéinter Beschreiwung vu Sex a Gewalt, a wéinst där zum Deel graffer
Sprooch). Et ass e Buch iwwert d’Jonksinn, spigelt awer och d’Liewensgefill vu Jonken an den
90er Jore gutt erëm.