Allerhand – déi nei Bicherrei vum SCRIPT
Allerhand presentéiert flott Wierker aus der Literatur op Lëtzebuergesch als praktesch
Täschebicher. D’Rei ass speziell fir de Gebrauch am Unterrecht geduecht, an engem
handleche Format a mat Plaz fir eegen Notizzen. An all Buch stinn Erklärunge vu manner
gebräichleche Wierder a kuerz Explikatiounen, déi d’Verstoe vum Text erliichteren. Eng
Interpretatioun gëtt doriwwer eraus éischt Iddie fir d’Nodenken an d’Diskutéieren an der
Schoul wéi och baussent dem Unterrecht. Allerhand – dat ass Literatur op Lëtzebuergesch fir
Jonker a fir jiddweree soss, dee gäre liest.
Speck ass en absurd a groteskt Theaterstéck iwwert d’Widderspréch vun der Lëtzebuerger
Gesellschaft. D’Claudine Muno entwërft doran e Lëtzebuerg, an deem de Konsum vun Alkohol
a virun allem Fleesch verbueden ass, a jiddereen no der gudder aler Zäit verlaangert.
Den Haaptpersonnage ass e jonkt Meedchen, dat erausfënnt, datt seng Elteren heemlech
Fleesch giess haten. Hatt huet dowéinst allméiglech Organer duebel an eng gespalte
Perséinlechkeet.
Dëst ass e witzegen Text mat dacks schwaarzem Humor, dee folgend Theeme besonnesch
behandelt: d’Fro no Upassung an Individualitéit, d’Fro no der Konscht an der Gesellschaft,
Hypokrisie, Ëmgang mat Immigrantinnen an Immigranten.
N. B.: De SCRIPT gëtt dëst Stéck fir déi éischte Kéier eraus; en ass soss nach néierens
publizéiert.