Allerhand – déi nei Bicherrei vum SCRIPT:
Allerhand presentéiert flott Wierker aus der Literatur op Lëtzebuergesch als praktesch
Täschebicher. D’Rei ass speziell fir de Gebrauch am Unterrecht geduecht, an engem
handleche Format a mat Plaz fir eegen Notizzen. An all Buch stinn Erklärunge vu manner
gebräichleche Wierder a kuerz Explikatiounen, déi d’Verstoe vum Text erliichteren. Eng
Interpretatioun gëtt doriwwer eraus éischt Iddie fir d’Nodenken an d’Diskutéieren an der
Schoul wéi och baussent dem Unterrecht. Allerhand – dat ass Literatur op Lëtzebuergesch fir
Jonker a fir jiddweree soss, dee gäre liest.
Perl oder Pica ass ee vun deene beléiftste Romaner op Lëtzebuergesch. Et gëtt eng Verfilmung
vum Pol Cruchten mam André Jung an der Roll vum Papp.
Den Auteur erzielt e Schouljoer am Liewe vun engem 12järege Jong zu Esch an de fréie 60er
Joren. De Roman baséiert op senger Biographie.
Wichteg Sujete sinn d’Relatioun vum Jong zu sengem strenge Papp, déi finanziell Néit vun der
Famill, deen iwwerdriwwe strenge Schoulmeeschter an d’Spiller mat de Kolleegen.
De Roman liest sech immens gutt, et soll een sech vun der Déckt net ofschrecke loossen.
Fir Perl oder Pica krut de Jhemp Hoscheit de Prix Servais.