De Fränz huet 12 Joer, wéi en am Hierscht 1976 an d’Stad an d’Schoul geet.
De grousse Brudder ass schonn aus dem Haus, d’Schwëster schafft an ass
seelen doheem. Am Elterenhaus leeft esou muenches dernieft an de Fränz
plangt, heemlech fortzelafen, op Murmansk, eraus aus all deem, wat hien
esou bedréckt. Ma ob dës Rees um Enn tatsächlech Realitéit gëtt?
D’„Prinzessin Charlotte” ass keng Prinzessin, ma dem Fränz seng Tatta, déi
an der Psychiatrie gelant ass. Hir Geschicht gëtt parallel zur eigentlecher
Handlung erzielt a steet stellvertriedend fir dat, wat am Fränz senger Famill
net esou ass, wéi et soll sinn.
„Prinzessin Charlotte” ass staark gepräägt vum Auteur senger Kandheet
zu Izeg, wéi vill anerer vu sengen Texter a senger Heemechtssprooch. De
Joseph Kayser fillt sech och am Franséischen doheem, sou huet e fir den
däitschen Designer Markus Erhart zwee Konschtbicher iwwer afrikanesch
Masken op Franséisch iwwersat.“Prinzessin Charlotte“ ass säin éischt
Wierk op Lëtzebuergesch, dat elo publizéiert gouf. Den Auteur lieft haut zu
Koplescht, net wäit vun der Plaz ewech, déi nom Wöllem Weis, dem Auteur
vum ‚Klautje vun Izeg‘, benannt ass. An hei schléisst sech de Krees zum
Joseph Kayser senger Kandheet nees.