E richtege Schatz: Den éischte Band vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“
„Mat dësem apaarte Choix vun 123 Adjektiven, Adverben, Interjektiounen, Substantiven a Verbe beweist den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch eng gutt Händche fir eis Sprooch, déi vill méi räich ass, wéi een dacks mengt.“ Dat schreift den Educatiounsminister Claude Meisch a sengem Virwuert zu „Aläert, jauwen, Zockerboun“, wéi den éischte Band vun der neier ZLS-Kollektioun „Lëtzebuerger Wuertschatz“ heescht. Op eng faarweg an erfrëschend Aart a Weis ginn 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. Si stamen all aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire, verloossen awer hei hire strengen Dictionnaireskader, fir vum Laurence Dostert ganz ludique an ouni Beréierungsängscht an Zeen gesat ze ginn. E richtege Schatz!
Den zweete Band vum Lëtzebuerger Wuertschatz ass iwweregens schonn an der Maach. Déi Kéier ginn 100 flott Spréchwierder a Riedewendunge gewisen an erkläert.