Dem Zog seng Abenteuer fänke grad eréischt un: d´Prinzessin Pärel, de Ritter Wenzel vum Tour an den Zog hëllefen an heelen do, wou se gebraucht ginn. An den Zog bréngt d´Dokteren aus der Loft ganz séier iwwerall hin. Dat gefält dem Kinnek awer guer net, well eng Prinzessin soll keng Doktesch sinn, mä blimmeleg Këssercher brodéieren a schéi Blummebuckie bannen.Wéi hien awer selwer krank gëtt an Hëllef brauch, muss hie seng Meenung erëm a Fro stellen ...
D'Sëtzung leeft of
D'Sëtzung leeft elo geschwënn of.