Ernster Belle Etoile
Den Ernster an der Belle Etoile
Scho säit 1988 fannt Dir d’Librairie Ernster um éischte Stack am Shopping Center Belle Etoile. Mir bidden Iech eng grouss Auswiel u klassescher an zäitgenösseger Literatur, an dat an däitscher, franséischer, englescher a lëtzebuergescher Sprooch. Doriwwer raus fannt Dir dausenden interessant Titelen an de Beräicher Sachbuch, Humanwëssenschaften, Sport, Technik, Wellness, a villes méi. Sidd Dir op der Sich no engem Reesguide oder enger Stroossekaart? An eisem Reesrayon, deen hei am Land senges Gläiche sicht, fannt Dir sécher wat Dir braucht.
Beim Erny, direkt vis-à-vis vun der Librairie, fannen déi jonk Lieser alles wat d’Häerz begiert. Ugefaang beim Ratgeber fir d’Schwangerschaft, bis hin zum Roman fir den Teenager. Nieft de Bicher hu mir flott Spiller, Spillsaachen, Papeterie Artikelen an nach vill méi an eisem Sortiment.
Eng dynamesch Equipe freet sech Iech beim Erny an an der Librairie ze begréissen.
360° Ernster Belle-Etoile