Ernster Bascharage
Am September 2013 huet den Ernster an der Galerie vum Cactus zu Bascharage seng Dieren opgemaach. Op enger Fläch vun 120 m2 beréit e kompetent Team Iech gären a steet Iech fir Är Froen zur Verfügung. Vum Roman (sief et op däitsch, franséisch, englesch oder lëtzebuergesch) bis hin zum Kachbuch, de Reesguiden oder awer de Spiller fir déi Kleng; jidderee kënnt hei op seng Käschten. A genau wéi an eisen anere Librairien, berode mir Iech gäre bei allem wat d’Schoulbicher betreffen.