TIMBA presentéiert jo Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch an ass den Nofollger vun der Serie SMART. An TIMBA gëtt zum Gléck ëmmer méi bekannt an ëmmer méi beléift!!!
Dem Yorick Schmit säi Buch ass immens flott ginn: Zesumme mat sengem Bouf Ben hëlt den Erzieler eis mat an de Bësch a stellt eis seng Stammbeem vir. Weeër a Spueren aus enger lëtzebuergescher Familljechronik, vun engem fatale Blëtzschlag iwwer eng tragesch Auswanderung bis zu enger ongewéinlecher Frëndschaft am Zweete Weltkrich.