Dem Guido Van Genechten seng Maus kennt Der schonn: Am Buch "Däerf ech an deng Lomp luussen?" ass se immens virwëtzeg a wëll an d'Lompen resp. d'Pampersse vun all hire Frënn luussen. Wat se net alles dora fënnt! A wéi d'Frënn an hir Lomp kucken, si se paff: Se ass eidel, well d'Maus geet ewell op de Potti!
D'Buch "Däerf ech an deng Lomp lussen?" ass weltwäit e Bestseller, och Kremart huet et viru Kuerzem eng weider Kéier nogedréckt, esou gutt kënnt et un ... esou eng wäertvill Hëllef ass et beim POTTI-TRAINING.
Elo huet de Guido Van Genechten nogeluecht an eng wäertvoll Hëllef beim Aschlofe geschriwwen. D'Maischen ass nach eemol esou virwëtzeg wéi d'anert Mol: Déi Kéier wëll se erausfannen, wat hir Frënn maachen, fir gutt ze schlofen. Se freet d'Daifchen , de klengen Elefant , de klenge Koala , d'Fierkelchen , d'Scheefchen an de klenge Mupp no hiren Aschlof-Tricken a luusst ënnert hiren Diwwi. Wat se do drënner net alles verstoppen! Duerno froen hir Frënn natierlech och d'Maischen , wéi si am beschten aschléift ...
Gradesou wéi d'Lomp-luss-Buch ass och d'Bett-luss-Buch en häerzegt Billerbuch mat vill witzegen Opklapp-Diwwien iwwer d’Zeremonie vum Schlofegoen an iwwer ënnerschiddlech Bettritualer ... also eng perfekt Hëllef beim Aschlofen! (Iwwersat vum Luc Marteling)